1. Reservatioun:
D'Reservatioun ka per Telefon oder E-Mail gemaach ginn.
D'Mindestlocatiounsdauer ausserhalb der Saison ass 3 Nuechten.
An der Saison a während de Schoulvakanzen ass se 7 Nuechten.
Verbueter:
• Hausdéieren sin ob Ufro an de Modeller C640, T67S, T7055, A70 an A68 erlaabt.
• Fëmmen am Camper ass verbueden.
• Gasfläschen dierfen am Ausland net ausgestosch ginn.
Ofhuelen an Zeréckbrengen vum Gefier :
• De Camper as ab 14:00 Auer op Rendez-vous disponibel (Erklärungen vum Gefier ca. 30 Minutten)
• De Retour vum Gefier muss den läschten Daag vun der Locatioun teschent 8:00 an 10:00 Auer geschéien.
Bei Verspéidung berechnen mir 50,- Euro pro Stonn.
• D'Ofhuele an Zeréckginn vun de Campere sinn nëmmen vu Méindes bis Freides méiglech (op Feierdeeg oder Weekends net méiglech).
• De Camper muss propper zeréckginn ginn.
Weider Informatiounen :
• De Camper muss mat engem vollen Diesel-Tank zréckginn ginn (Esso Tankstell zu Heiderscheid, Fuussekaul).
• Wa néideg, behaale mir eis d'Recht vir, de Camper z'ersetzen (z.B. bei Schued, Pann, etc.).
• Bei enger Pann am Ausland ass eng viregt Autorisatioun vun eis, fir all Reparatur, néideg.
• De Locataire ass responsabel fir Iwwerschreidunge vun der zulässeger Gesamtmass (MMA) a fir all doraus resultéierend Strof an Konsequenzen.
• Onbegrenzten Kilometerzuel.
• Locatioun am Wanter ass méiglech.
• All eis Camperen ginn no ca. 2 Joer erneiert.
2. Equipement :
Kompakt Ausstattung:
• C600: Obstelldaach, Klimaanlag an der Chaufferkabinn, 220V Stroumkabel, Waasserschlauch, Obfahrkäiler, Geschier, Gasheizung, Waassertank, Markis, TV a portabel Antenn, Vëlosdräger (nëmmen op Ufro), Attache remorque, Réckfahrkamera a Navigatiounssystem.
• C640: Klimaanlag an der Chaufferkabinn, 220V Stroumkabel, Waasserschlauch, Obfahrkäiler, Geschier, Gasheizung, Waassertank, Markis, TV an automatesch Antenn, Vëlosdräger (Busbiker), Réckfahrkamera a Navigatiounssystem.
Family & Premium Ausstattung:
Klimaanlag an der Chaufferkabinn, 220V Stroumkabel, Waasserschlauch, Obfahrkäiler, Geschier, Gasheizung, Waassertank, Markis, TV an automatesch Antenn, Vëlosdräger, Réckfahrkamera a Navigatiounssystem.
Weider Informatiounen:
Gefierer mat Vëlosdräger fir E-Bikes:
C600, A68, TD676G, C640, T690G, H730G, T7055, T726G, T732, T720, TD684.
Gefierer mat Isofix:
C600, C640, A68, A70, T67S, T68, T69LC, TD676G, T690G, T726G, I67S.
Hausdéieren erlaabt an:
C640, T67S, A70 an A68.
3. Präisser :
De Locatiounspräis gëtt pro Nuet berechent a variéiert jee no Campermodell a Saison (Präisser inklusiv TVA).
Reservéierungskäschten :
• 90 €: Gasflaschen an WC-Chemikalien inklusiv.
Kautioun :
• Eng Kautioun vun 1.200 € (a Buergeld oder per Kreditkaart) muss virun der Ofrees hannerluecht ginn.
• D'Kautioun gëtt zeréckbezuelt, wann de Camper am selwechte Zoustand zeréckbruecht gëtt, wéi en ofgeholl gouf.
Botzen :
• De Camper muss propper zeréckbruecht ginn.
Wann mir déi Botz iwwerhuelen mussen, berechnen mir 100 €.
• D'baussen botzen vum Camper iwwerhuelen mir.
• Den Ofwaassertank sou wéi d’Kassette vun der Toilette mussen eidel gemaach ginn, anerefalls berechnen mir 150 €.
4. Bezuelung :
Wann dir är Bestätegung kritt hutt, ass een Acompte vun 25% vum Gesamtbetrag bannent 7 Deeg fälleg.
De Rescht muss bis spéitstens 30 Deeg virun der Ofrees bezuelt ginn.
Akzeptéiert Bezuelmethoden:
Buergeld, Kaart oder Bankiwwerweisung.
5. Annulatiounsfraise:
• Bis 29 Deeg virun der Ofrees: 25% vum Gesamtbetrag
• Tëscht 28 an 15 Deeg virun der Ofrees: 50% vum Gesamtbetrag
• Tëscht 14 an 1 Dag virun der Ofrees: 85% vum Gesamtbetrag
• Um geplangten Ofreesdag: 100% vum Gesamtbetrag
6. Assurance :
• De Camper ass mat enger Vollkasco-Assurance mat Franchise ofgedeckt.
• De Locataire muss den gelounte Camper den läschten Dag vun der Locatioun op eis
Geschäftsadresse zeréckbrengen.
• Et ass dem Locataire formell ënnersot de Camper ouni eis Erlabnis zeréck ze loossen.
• Am Fall vun enger net méiglecher Réckrees. (z. B. am Fall vu Schied, Pannen etc.) ass de Locataire verflicht, de Camper vun engem Ofschleefdéngscht zeréckbrengen ze loossen.
• Ongenotzt Locatiounsdeeg ginn net réckbezuelt, wann de Locataire d'Rees aus eegenen Grënn ofbrécht.
• Eng zousätzlech Assurance (Europe-Assistance) kann beim ACL ugefroot ginn.
• Am Fall vun engem Déifstall durch een Abroch muss eng Plainte bei der Police gemaach ginn an eng Kopie un eis virun geléet ginn.
• Perséinlech Wäertsaachen sinn net verséchert.
• Eis Gefierer sinn mat engem GPS-System equipéiert. Dës Tracker si fir d'Versécherung an Ärer Sécherheet obligatoresch. D'Daten ginn net gespäichert oder genotzt.
7. Dateschutz:
D'Datesveraarbechtung duerch BEIM FIISSCHEN, déi als Responsabel fir d'Datesammlung vum Client handelt, geschitt strikt am Aklang mat de gesetzleche Bestëmmungen, besonnesch der Dateschutz-Grondveruerdnung (EU-Veruerdnung 2016/679).