1. Reservéierung :

Et as méiglech per Telefon, Fax oder per E-Mail ze reservéieren.
D’Mindestlocatioun ausserhalb der Saison ass 3 Nuechten, an der Saison sou wéi an de Schoulvakanzen sin et 7 Nuechten.
Verbueter :
• Hausdéieren sin nëmmen an de Modeller A70, T67S an T727 G op Ufro erlaabt.

• Et as net erlaabt am Camper ze fëmmen.
• Et as net erlaabt d’Gasfläschen am Ausland ze tauschen.
Ofhuelen – an Zeréckbrengen vum Camper :
• De Camper as disponibel op Rendez-vous ab 14:00 Auer den 1. Daag vun der Locatioun. (Erklärungen +- 30 Minuten)

• De Retour as den läschten Daag vun der Locatioun teschent 8:00-10:00 Auer.
Bei Verspéidung berechnen mir 50,- Euro pro Stonn.
• D’Ofhuelen an zeréck brengen vun de Camperen as nemmen vun Méindes bis Freides méiglech. (Ofhuelen an Zeréckbrengen op Feierdeeg net méiglech)
• De Camper ass an engem propperen Zoustand ofzeginn.
Wieder Informatiounen :
• De Camper hued e vollen Dieseltank bei der Ofhuelung an muss wann en zeréck kennt op der Esso (Fuussekaul) vollgetankt ginn.
• Mir behalen eis d’Recht vir de Camper ze tauschen (z. B. am Fall vu Schied, Pannen etc.)
• Bei enger Pann am Ausland braucht dir eisen Accord fir all Reparatur.
• De Locataire ass responsabel fir all Iwerluedung vum Camper (zoulässig Gesamtmass steet an de Pabeieren)
Sou wéi Strofen a Konsequenzen déi sech doraus erginn.
• Onbegrenzten Kilometerzuel.
• Locatioun am Wanter méiglech.
• All eis Camperen ginn no 2 Joer ersaat.

2. Equipement :

Equipement Campster :
Turbo-Diesel-Moteur 180PS, Automatesch Boîte, Klimaanlag Kabinn, Stroumkabel 220V, Waaserschlauch, Produit fir an déi chemesch Toilette, 2 Gasfläschen, Obfuerkäiler, Geschier, Dieselheizung, Frëschwaassertank, Marquise, Vëlosdréier op Ufro, Réckfahrkamera a Navigationssystem.

Equipement Kategorie 1,2 + 3 :
Turbo-Diesel-Moteur 140-160 PS, Klimaanlag Kabinn, Stroumkabel 220V, Waasserschlauch, Produit fir an déi chemesch Toilette, 2 Gasfläschen, Obfuerkäiler, Geschier, Gasheizung, Waarmwaasserboiler, Frëschwaassertank, Marquise, TV mat automatescher Antenne, Vëlosdréier, Réckfuerkamera a Navigatiounssystem.
Equipement  Kategorie 3 :
Solaranlag zousätzlech

3. Präis :

De Präis gëtt pro Nuecht a Saison ofhängeg gerechent. (Präis deen uginn ass, ass TVA abegraff.
Reservéierungskäschten :
• 55,- Euro Gasfläschen a Produit fir déi chemesch Toilette abegraff.

Kautioun :
• Eng Kautioun vun 1.000,- Euro (Cash oder mat Kreditkaart) ass virun der Ofrees ze hannerleeë.

Wann de Camper an dem Zoustand zeréck kennt an dem en sech virun der Rees befonnt huet, get d’Kautioun zeréckbezuelt.
Botzen :
• De Camper muss an engem propperen Zoustand zereck bruecht ginn.

Falls de Camper vun eis muss gebotzt ginn, berechnen mir 100,- Euro.
• Vun Baussen get de Camper vun eis gebotzt.
• Den Ofwaassertank sou wéi d’Kassette vun der Toilette mussen eidel gemaach ginn, anerefalls berechnen mir 150,- Euro.

4. Bezuelung :

Wann dir är Bestätegung kritt hutt, ass een Acompte vun 25% vum Gesamtbetrag bannent deenen nächsten 7 Deeg fälleg.
De Solde muss 30 Deeg virun der Ofrees bezuelt ginn.
Bezuelen kann een boer, mat Kaart oder per Iwwerweisung.

5. Récktrëtt :

Bis 29 Deeg virun Reesuntrëtt: 25% vum Gesamtbetrag
Ab 28 bis 15 Deeg virun Reesuntrëtt: 50% vum Gesamtbetrag.
Ab 14 bis 1 Dag virun Reesuntrëtt: 85% vum Gesamtbetrag.
Bei net Untrëtt: 100%

6. Assurance :

• De Camper ass mat enger Vollkasco-Assurance mat Franchise ofgedeckt.
• De Locataire muss den gelounte Camper den läschten Dag vun der Locatioun op eis Geschäftsadresse zeréckbrengen.
• Et ass dem Locataire formell ënnersot de Camper ouni eis Erlabnis zeréck ze loossen.
• Am Fall vun enger net méiglecher Réckrees. (z. B. am Fall vu Schied, Pannen etc.) ass de Locataire verflicht de Camper vun engem Ofschleefdéngscht zeréckbrengen ze loossen.
De Loyer bléiwt un eis bleift fälleg, bis de Camper bei eis zeréck ass.
Et gëtt keen Loyer zeréck bezuelt am Fall wou d’Rees fréizäiteg ofgebrach gëtt.
• Eng zousätzlech Assurance (Europe-Assistance) kann beim ACL ugefroot ginn.
Am Fall vun engem Déifstall durch een Abroch muss eng Plainte bei der Police gemaach ginn an eng Kopie un eis virun geléet ginn.
• Perséinlech Wäertsaachen sinn net mat verséchert.